Ofsoen 2020 - 2021
Ofso vun eisem Event vum 18.4.2021
Léif Memberen,
Mir hoffen, et geet Iech gutt, an Dir genéisst d’Fréijor, dat eis Alleguer nei Kraaft bréngt! Leider kënne mir eise Fréijorsevent, dee fir den 18. Abrëll 2021 geplangt war, op e Neits net duerchféieren.
Mir kommen duerfir dëst Joer net drëm erëm, eng Generalversammlung a schrëftlecher Form ofzehalen. D’Ënnerlagen an den Ziedel fir ofzestëmmen hu mir Iech per Post geschéckt. Notzt déi Geleeënheet, an schéckt eis Äre Vote bis den 16. Abrëll 2021.
Mir soen Iech vun Häerze Merci fir Är Mataarbecht a wënschen Iech dat Allerbescht. Gläichzäiteg kucke mir no vir a freeën eis op Iech, den 17. Oktober 2021 zu Brunnen.
Fir de Comité,
Ginette Rüdy
Prësidentin
Ofso vun eisem Event vum 20.9.2020
Léif Memberen,
Wat machen, wann d’Häerz eppes anëscht seet ewéi de Verstand? Déi Fro stelle mir eis am Comité säit 6 Méint! Nach ëmmer gëtt d’Joer vu Corona op d’Kopp gehäit. De Comité huet sech laang de Kapp driwwer zerbrach, op den Event vum Hierscht soll duerchféiert gin. Op Grond vun der aktueller Situatioun wat de Corona Virus ubelaangt, si mir zur Iwwerzeegung komm, datt et besser ass, och den Hierschtevent ënnert deene Conditiounen nët duerchzeféieren.
Mir sin doriwwer méi ewéi onglécklech! Nët nëmmen well de Programm scho färdeg a mat vill Häerzblutt organiséiert ass, mee och, well mer eis Alleguer ee Joer laang nët gesin! Mir wëlle feieren ouni Masque, onbeschwéiert, esou, wéi mir dat vun Ufank u gewinnt sin!
De Comité kuckt duerfir zouversiichtlech op 2021, dann huelen mir alles no!
Hei eis Daten fir 2021:
18.4.2021 zou Bern
17.10.2021 zou Brunnen
Dir héiert vun eis!
Passt gutt op Iech op a bleiwt gesond!
De Comité
Ofso vun eisem Event vum 26.4.2020
Mat schwéierem Härz musse mir eisen Event vum 26.4.2020 zou Bern ofsoën. De Comité ass doriwwer traureg a niddergeschloën. Nach nie an der Geschicht vum Club ass dat néideg gin. Iewer dee Coronavirus mat deem schlechte Ruff huet et färdeg bruecht!
Trotzdeem kucke mir virun, a verspriechën Iech schon haut: den 20. September 2020 zou Brunnen huele mir dat no, an nët ze knapp!
All deenen déi schon abezuelt hun, iwwerweise mir hier Suën selbstverständlech zréck. Mellt Iech duerfir w.e.g. mat Ären Donneeën beim Michèle.
Mat härzleche Gréiss, passt gutt op Iech op a bleiwt gesond
De Comité