Aktualitéiten
6. Abrëll 2025
Fréijorsrencontre 2025
Jubiläen soll ee richteg feieren! Mir hun eis fir d’Generalversammlung am Hotel Montana zu Luzern getraff.
Um Programm stoungen: Generalversammlung, Aperitif, Gemittlecht Mëttegiessen an den Duo Georges Urwald & Carlo Migy mat de schéinste Lidder vum Dicks.

20. oktober 2024
Hierschtrencontre 2024
Dës Kéier si mir an de franséische Valais gan! Mir Lëtzebuerger verwinnen eis gäre mat engem Muselwéngchen a wa mir scho nët zesummen op d’Musel kënnen goën: d’Schwäizer a besonnësch d’Walliser wëssen och wéi dat mat dem Wäin fonctionéiert an hu munch gutt Drëps an hirem Keller leien.

De klenge CLUB
Niewt den zwee groussen Eventer déi de Comité all Joer organiséiert, hutt Dir als Member vum «Lëtzebuerger Club Roude Léiw» d’Méiglechkeet Iech och regional tëschenbuerch kënnen ze treffen.
iwwert de club
De Lëtzebuerger Club „Roude Léiw“ gouf den 10. Januar 2005 vu siewen engagéierten Lëtzebuerger gegrënnt.
De Club huet virun allem den Zweck, datt d’Lëtzebuerger an der Schwäiz an dem Fürstentum Liechtenstein sech op d’manst zweemol am Joer begéinen an am Kontakt mateneen bleiwen.
D’Memberen vum Club sin an der ganzer Schwäiz verbreed.
Duerfir soll dës Säit mathëllefen, eis Memberen méi séier iwwer d’Aktivitéiten vum Club ze informéieren.
Dës Säit soll awer och aner Lëtzebuerger an der Schwäiz op de Club opmierksam maachen, a wa méiglech nei Memberen unzéien.