Aktualitéiten
7. Abrëll 2024
Fréijorsrencontre 2024
Mir hun eis zu Zürich am Kongresshaus getraff. Um Programm stoungen:
– Generalversammlung
– Aperitif
– D’Makadammen verwinnen eis mat Sketcher aus hirem «Best of» vun 20 Joer
– Gemittlecht Mëttegiessen
24. September 2023
Hierschtrencontre 2023
Visitt vum Musée Jean Tinguely a Mëttegiessen
– Visite guidée am Musée Jean Tinguely
– Apéritif direkt beim Rhäin
– Spadséierwee laanscht de Rhäin
– Mëttegiessen am Restaurant «Brauerei»
De klenge CLUB
Niewt den zwee groussen Eventer déi de Comité all Joer organiséiert, hutt Dir als Member vum «Lëtzebuerger Club Roude Léiw» d’Méiglechkeet Iech och regional tëschenbuerch kënnen ze treffen.
iwwert de club
De Lëtzebuerger Club „Roude Léiw“ gouf den 10. Januar 2005 vu siewen engagéierten Lëtzebuerger gegrënnt.
De Club huet virun allem den Zweck, datt d’Lëtzebuerger an der Schwäiz an dem Fürstentum Liechtenstein sech op d’manst zweemol am Joer begéinen an am Kontakt mateneen bleiwen.
D’Memberen vum Club sin an der ganzer Schwäiz verbreed.
Duerfir soll dës Säit mathëllefen, eis Memberen méi séier iwwer d’Aktivitéiten vum Club ze informéieren.
Dës Säit soll awer och aner Lëtzebuerger an der Schwäiz op de Club opmierksam maachen, a wa méiglech nei Memberen unzéien.
Haut sin am Club 190 Memberen.