FRÉIJORSREnCONTRE 2025

6. ABRËLL 2025

20 Joer Lëtzebuerger Club Roude Léiw

Generalversammlung a Concert Georges Urwald a Carlo Miggy

Jubiläën soll ee richteg feieren! An dat hu mer am Hotel Montana zu Luzern mam Duo Georges Urwald an Carlo Migy gemaach. Se hun eis ënnerhalen mat Auszich aus hirem aktuelle Programm vum Edmond de la Fontaine, alias Dicks (1823-1891). Mir hun deem bekannte lëtzebuerger Komponist, Schrëftsteller an Dramatiker séng schéinste Lidder dierfe genéissen! Härzleche Merci deenen zwee léiwe Kënschtler, déi e wäite Wee op sech geholl hunn fir extra zu Luzern opzetrieden!